Wéi eng Positioun vertrëtt déi Lëtzebuerger Regierung zu Bréissel, wann et dorëm geet, d’Delokalisatioun vun der Industrie ze verhënneren?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

Mam „Inflation Reduction Act“ investéieren d’USA 370 Milliarden Dollar un Aiden an hiren Industriestanduert. Gekoppelt u Steiererliichterungen hunn des Mesuren zur Konsequenz, dass europäesch Industriebetriber massiv an d’USA investéieren an Deeler vun hirer Produktioun aus Europa an Amerika verlageren. Dës Verlagerung huet och een Impakt op Lëtzebuerger Industriebetriber, déi Zouliwwerer a Clients vun dëse Betriber sinn.

Dowéinst wollt ech folgend Froen un den Här Wirtschaftsminister stellen:

  • Wat ënnerhëlt déi europäesch Unioun fir dësem Trend entgéint ze steieren?
  • Wéi eng Positioun vertrëtt déi Lëtzebuerger Regierung zu Bréissel, wann et dorëm geet, d’Delokalisatioun vun der Industrie ze verhënneren?
  • Wat ënnerhëltdéi Lëtzebuerger Regierung, fir Industriebetriber zu Lëtzebuerg ze halen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck