Besteet eng Verbindung tëschent der Agence e-santé an der Firma GCore Labs?

Här President,

Laut Medieberichter steet déi lëtzebuergesch Firma GCore Labs S.A. am Verdacht, d’EU-Sanktioune géint Russland ënnerlaf ze hunn. Aus den Artikele geet weider ervir, datt et en Zesummenhang tëschent dëser Firma an der Agence e-santé kéint ginn, an zwar am Kader vun der Video-Spriechstonn, déi am Mäerz 2020 vun der CNS agefouert gi war. Déi lëtzebuergesch Entreprise Wagner ICT, déi deemools den Optrag kritt hatt, schafft mat der Firma GCore Labs zesummen, déi och an Russland täteg ass. Et kéint also de Risiko bestoen, datt russesch Behörden Zougang op lëtzebuergesch Patientendate kéinten hunn. Ausserdeem soll et en Ofkommes tëschent der Agence Luxinnovation an der russescher Skolkovo-Stëftung ginn, déi a Russland Start-ups finanzéiert. G-Core soll zanter 2019 um Programm vun der Stëftung deelgeholl hunn. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un d’Gesondheetsministesch stellen:

  • Kann d’Regierung d’Informatiounen aus der Presse confirméieren?
    • Wa jo, ass d’Sécherheet vun de Patientendaten hei zu Lëtzebuerg garantéiert?
  • Besteet eng Verbindung tëschent der Agence e-santé an der Firma GCore Labs, oder huet et an der Vergaangenheet eng Relatioun ginn?
    • Wa jo, wéi gesäit des Verbindung aus a bis wéini huet se bestanen?
  • Besteet eng Verbindung tëscht der Entreprise Wagner ICT an der Firma GCore?
  • Wat gouf am Ofkommes vum Februar 2018 tëschent der Agence Luxinnovation an der russescher Skolkovo-Stëftung genee festgehalen.

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz         Laurent Mosar      Diane Adehm

Deputéierten         Deputéierten             Deputéiert

Zréck