Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.
D‘Waasserschutzgesetz gesäit fir, datt den Ëmweltministère a Waasserschutzgebidder ënner ganz bestëmmte Bedingunge kann eng Derogatioun accordéieren. Des Reegelung ass virun allem fir déi aktiv Bauere wichteg. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen:
- Wéi vill Derogatioune sinn d’lescht Joer an dëst Joer ugefrot ginn?
- Wéi vill sinn der accordéiert ginn?
- Wéi laang dauert et, bis datt d’Baueren eng Äntwert op hir Demande kréien?
- Riicht d’Dauer vun der Derogatioun sech nom Kulturjoer?
- Wann nee, wéi kann de Bauer an dem Fall den Ubau vu senge Kulture plangen?
- Wéi eng wirtschaftlech rentabel Alternative bitt de Ministère de Bauere bei de Ackerkulturen un?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Deputéiert
Zréck