Am ganze Land feelt et zanter Joren u Kapazitéiten an de Bauschuttdeponië. Wéini kënnt et zu der geplangten Extensioun vun der Decharge Housen an der Decharge Noutem ?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Problematik vun de feelende Bauschuttdeponien un Madamm Ëmweltminister an un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

Dass et am ganze Land zanter Joren u Kapazitéiten an de Bauschuttdeponië feelt ass bekannt. An de läscht Meint huet sech des Situatioun net verbessert, am Géigendeel. Bauentreprisë hunn ëmmer méi Schwieregkeeten hire Bauschutt ze evakuéieren.

 

An der Äntwert op Fro n°6889 vum 23. September 2022 huet Regierung informéiert, dass aktuell folgend Inertoffall-Deponien am Norden vum Land an der Prozedur wieren : Extensioun vun der Decharge Housen an Decharge Noutem.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un Madamm Ëmweltminister an un den Här Wirtschaftsminister stellen.

  • Wéi wäit ass Prozedur an den eenzelene Dossier fortgeschratt?
  • Wéini ass mat enger finaler Decisioun an dësen Dossieren ze rechnen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Emile Eicher       Martine Hansen Aly Kaes    Jean-Paul Schaaf

Deputéiert

Zréck