Méi Sécherheet fir d‘Personal am ëffentlechen Transport

Mir sëtzen d’Personal am ëffentlechen Transport enger Duebelbelaaschtung a Punkto Sécherheet aus. Säitdeem den ëffentlechen Transport gratis ass, gëtt en natierlech och vill méi an Usproch geholl. Sou dass mer engersäits d’Offer weider Ausbauen mussen, op där anerer Säit besteet awer ee massive Mangel u Personal, notamment u Buschauffere an Lokféierer. Dobäi kënnt dat mangelnd Sécherheetsgefill bei de Chaufferen a Lokféierer opgrond vun ënnerschiddlechen Erfarungen.

 

Lauschtert déi ganz Fräi Tribün vum Deputéierten Léon Gloden:

20220627 Tribune libre CSV Leon Gloden