Wou ass de Projet „Schlasskéier“ drun?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 7111 geet ervir, dat Kader vum Projet „Schlasskéier“ zu Wolz eventuell eng Annexe vum Centre Hospitalier du Nord kéint realiséiert ginn. De Sujet ass och viru kuerzem am Gemengerot vun der Gemeng Wolz thematiséiert ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Ëm wat genee geet et beim Projet „Schlasskéier“ zu Wolz?
  • Wou ass dëse Projet drun?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck