Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu Rechenzentren un den Här Energieminister weider ze leeden.
An verschiddene Länner gëtt d‘Ofwiermt, di vu Rechezentere produzéiert gëtt, genotzt fir domadder d’Fernwärmenetzer ze beliwweren. Dat geschitt zum Beispill zu Stockholm an och anere skandinavesche Länner di grouss Rechenzentere bedreiwen.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un de Minister stellen:
- Gëtt zu Lëtzebuerg d’Ofwiermt aus Rechenzentere genotzt?
- Wéi grouss ass d’Potenzial zu Lëtzebuerg fir d’Ofwiermt aus Rechenzentren ze notzen?
- Wann jo, plangt de Minister den Energieversuerger ze hëllefe fir Investissementer ze tätegen, soudass an Zukunft d’Ofwiermt aus den Datenzentere ka genotzt ginn?
Här President ech bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen Paul Galles
Deputéierten Deputéierten
Zréck