Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Laut dem Leserbréif vun der Presidentin vun der „Association luxembourgeoise des aides-soignantes“ vum 30. November 2022 am „Luxemburger Wort“ stelle sech d’Aide-soignanten aktuell d’Fro, wéi et ëm d’Zukunft vun hirem Beruff steet. An engem Dokument um Site vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend vum 3. Mee 2021, dat mat „La réorganisation de la formation des professions de santé au Luxembourg“ iwwerschriwwen ass an zu deem och e „Schéma organisationnel“ gehéiert, gëtt de Beruff vum Aide-soignant nämlech net méi ernimmt.
An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:
- Bleift de Beruff vum Aide-soignant no der Reorganisatioun vun der Formatioun vun de Gesondheetsberuffer weider bestoen?
- Wa jo, wéi eng Attributioune kritt en?
- Wéini ginn d’ Attributiounen nei definéiert?
- Wann net, firwat net?
- Duerch wéi eng Qualifikatioune gëtt den Aide-soignant ersat?
- Wéi eng Perspektive kréien déi aktuell Aide-soignanten ugebueden?
- Ass bei der Reform mat de Représentante vun den Aide-soignantë geschwat ginn?
- Wa jo, wat war d’Conclusioun vun deene Gespréicher?
- Wann net, firwat net?
- Wa jo, wéi eng Attributioune kritt en?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Co-Fraktiounspresidentin
Zréck