Ass et wouer, dass de Suicide bei de Jonke geklommen ass?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi un de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Mengen Informatiounen no wier den taux de suicide vun de Jugendlechen an deene leschte Méint geklommen. De Gros vun dëse Persounen wier männlech gewiescht.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d‘Regierung stellen :
Kann d’Regierung bestätegen datt den taux de suicide an de leschte Méint bei de Jonken geklommen ass ?
Wéi een Alter hunn dës jonk Leit ? Wéi ee Geschlecht ? Kann d’Regierung bestätegen datt de Gros vun deenen déi sech d’Liewe geholl hunn männlech war ?
Sinn der Regierung d’Ursaachen bekannt déi des jonk Leit op dee Wee gedréckt, hunn ?
Sinn am Nachhinein Virzeechen bekannt, unhand vun deenen een d’Suiciden hätt kéinten verhënneren ?
Gëtt eng genau Analyse gemaach, wou a wéini d’Suiciden verheeft virkomm sinn/ virkommen ?
Ginn et Statistiken déi weisen wéi d’Situatioun virun, wärend an no der Covid-Pandemie evoluéiert ass ?
Wëssend datt de Suicide-Plan National vir d’Joren 2015 bis 2019 an d’Liewen geruff ginn ass, wat gesäit d’Regierung elo um Niveau Preventioun vir ? Wou kann een déi Jonk déi a Gefor sinn gezielt erreechen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp
Deputéiert

 

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fannt dir hei :

a71d3411e7f69528d400ae1212dcb653

Zréck