Wéi ënnerstëtzt de Gesondheetsministère d’Semaine de la Santé mentale ?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géingen mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

D’Semaine de la Santé mentale stoung dëst Joer ënnert dem Motto „Ma santé, c’est aussi ma santé mentale“. Ziel vun den villen Aktiounen ass et, drop hinzeweisen, wéi wichteg d’mental Gesondheet ass. D‘Leit sollen och fir des Problematik sensibiliséiert ginn, fir esou ze verhënneren, dat Patienten mat psychesch a mental Krankheeten stigmatiséiert ginn. An dem Kontext   géinge mir gär folgend Froen d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Wien huet d’Semaine de la Santé mentale an d’Liewe geruff a vu wiem gëtt se aktuell organiséiert?
  • Wéi ënnerstëtzt de Gesondheetsministère d’Semaine de la Santé mentale ?
  • Wéi steet d’Regierung zur Aféierung vun enger offizieller Journée nationale de la Santé mentale?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles                             Max Hengel

Deputéierten                          Deputéierten

Zréck