Wat sinn d’Grënn firwat Transportfirmae fir Mazout hei zu Lëtzebuerg keng Autorisatioun hunn fir de Mazout erëm zeréck ze huelen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Transport vu Mazout un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Den Ausbau vun den erneierbaren Energien ass essentiell fir dass ons d‘Energietransitioun geléngt, souwéi dass mir méi onofhängeg vun de fossillen Energië ginn. Dobäi spillt de Wiessel vun enger Masuttsheizung op eng Wärmepompel eng zentral Roll fir de Wärmesektor ze dekarboniséieren. Leider kënnen d’Leit di sech fir dee Choix entscheet hunn awer mam Problem konfrontéiert sinn, dass hire Mazout am Tank nëmmen nach ka vun der Superdreckskëscht entsuergt ginn. D’Käschte sinn dobäi di selwecht wéi fir verschmotztem Mazout. Et ass zum Beispill net méiglech dass Transportfirmen zu Lëtzebuerg de Mazout zréck huelen, well se dofir keng Autorisatioun hunn. D’Installateuren zu Lëtzebuerg däerfen nëmmen d’Entsuergung vum Mazout mat organiséieren an net, wéi zum Beispill an Däitschland, den Transport, bzw. Zréckhuele vum Mazout mat ubidden.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Ministesch stellen:

  • Wat sinn d’Grënn firwat Transportfirmae fir Mazout hei zu Lëtzebuerg keng Autorisatioun hunn fir de Mazout erëm zeréck ze huelen?
  • Gesäit d’Ministesch net an, dass een de Wiessel vum Mazout op eng erneierbar Heizungsform an dem Sënn kéint vereinfachen an ënnerstëtzen?
  • Wann jo, wéi kéint eng méiglech Léisung ausgesinn?

 

Här President mir bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

 

Zréck