Wat ass als Léisung ugeduecht, fir och deene Schüler, déi wéinst hirem Sektiouns-Choix a puncto Transport benodeelegt sinn, en adequaten a effizienten Transport an hire Lycée ze bidden?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend  an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Beim Schülertransport fir d’Lycées-Schüler kënnt et ëmmer nees zu Problemer a Verspéidungen. Besonnesch dacks betraff sinn déi Schüler, déi wéinst dem Choix vun enger bestëmmter Sektioun net kënnen an e sougenannte Proximitéitslycée goen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte riichten:

  • Si sech déi Häre Minister der beschriwwener Transport-Problematik bewosst, déi opgrond vun der zousätzlecher Autonomie vun de Schoulen an der domadder verbonnener Diversifizéierung vun der Schouloffer entsteet?
    • Wa jo, wat ass als Léisung ugeduecht, fir och deene Schüler, déi wéinst hirem Sektiouns-Choix a puncto Transport benodeelegt sinn, en adequaten a effizienten Transport an hire Lycée ze bidden?
    • Wéi wëll d’Regierung dofir suergen, dass all Jugendlechen, egal wou en am Land wunnt, kann déi Ausbildung maachen, déi e wëll?
  • A wéi wäit ass déi „spezialiséiert“ Offer vu verschiddene Lycéeë mam Konzept vum „Lycée de proximité“ kompatibel?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck