Firwat huet d’Personal vun der Maisons relais keen Zougang op den elektronesche System fir d’Hausaufgabenhëllef?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir ech Iech, dës dréngend Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Zënter dem Schoulufank muss an der Maisons relais déi sougenannten Hausaufgabenhëllef ugebuede ginn. Dës nei Offer fonctionéiert awer nach net richteg, well d’Maisons relais keen Accès op den entspriechenden elektronesche System hunn. Doduerch hunn d’Educateuren beispillsweis och keen Zougrëff op d’E-Bichelchen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Firwat huet d’Personal vun de Maisons relais keen Zougang op den elektronesche System fir d’Hausaufgabenhëllef?
  • Wat gëtt ënnerholl, fir dee Mëssstand schnellstméiglech ze behiewen?
  • Bis wéini soll d’Personal an de Maisons relais Accès op de System an domat och op d’E-Bichelchen hunn ?

Här President, mir bieden Iech, eise Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                        Octavie Modert

Co-Fraktiounspresidentin                                                       Deputéiert

Zréck