Kann de Minister Alternativen nennen, wéi d’Schüler aus dem Norden moies sollen bis op Ettelbréck kommen, ouni dat si ze laang ënnerwee sinn fir an d‘Schoul?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

Bei der Rentrée hunn sech vill Leit beschwéiert, dat moies um 7 Auer op der Linn 10 keen Zuch méi vun Kautebaach op Ettelbréck respektiv an d’Stad fiert. Eisen Informatiounen no ginn och keng Bussen agesat, fir d’Verbindung bis op Ettelbréck ze garantéieren. D’Zuchverbindung vun Moies 7 Auer ass besonnesch wichteg fir Schüler a Studenten, fir dat si pünktlech an der Schoul sinn.  De selwechte Problem existéiert och mëttes an déi aner Richtung um Trajet Stad-Kautebaach. An deem Kontext wollt ech folgend Drénglechkeetsfro un den Här Mobilitéitsminister stellen:

  • Kënnt Dir d’Informatioun, dat den Zuch vun 7 Auer net méi vun Kautebaach bis op Ettelbréck fiert, confirméieren?
    • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir des Ännerung am Fuerplang?
  • Kënnt Dir Alternativen nennen, wéi d’Schüler aus dem Norden moies sollen bis op Ettelbréck kommen, ouni dat si ze laang ënnerwee sinn fir an d‘Schoul?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir des Situatioun esou séier wéi méiglech ze verbesseren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Zréck