Kann den Här Minister eis iwwer d’Grënn vun de rezente Stroumpannen opklären ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie a Landesplanung weiderzeleeden.

An de leschten Deeg a Woche koum et e puer Mol zu gréissere Stroumpannen op verschiddene Plazen am Land, dorënner Diddeleng, Käl, Ell, Réiden a Rammerech, fir e puer Beispiller ze nennen. Plazeweis hate ganz Uertschafte keen Elektresch.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Energie a Landesplanung stellen :

  • Kann den Här Minister mech iwwer d’Grënn vun dëse Stroumpannen opklären ?
  • Gëtt et e Problem mam Stroumnetz ?
    • Wa jo, duerch wat sinn dës Problemer bedéngt ?
    • A wat gëtt aktuell ënnerholl, fir d’Stroumnetz beschtméiglech ze stabiliséieren ?
  • Wéi vill Stroumpanne goufen dëst Joer bis elo landeswäit verzeechent ?
  • Wéi laang huet et an der Moyenne gedauert, bis se behuewe waren ?
  • Wéi läit d’Unzuel vu Stroumpannen dëst Joer am Verglach mam selwechten Zäitraum vum leschte Joer ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Zréck