Misst de Mobilitéitsministère net dofir suergen, datt den ëffentlechen Transport gefërdert gëtt an domat och den Informatiounsfloss?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Laut engem Schreiwes vum Mobilitéitsministère sollen d’Gemengen net méi iwwer Ännerungen um Fuerplang vum RGTR-Busreseau informéiert ginn. D’Gemenge kréie geroden, sech um Site „mobiliteit.lu“ iwwer Changementer ze renseignéieren an do déi entspriechend „fiches horaires“ erofzelueden.

D’Gemenge sinn awer weiderhi gehalen, d’Fuerpläng op den Arrête bei Upassungen z’aktualiséieren. Opgrond vun der neier Reegelung ouni systematesch Informatioun duerch de Ministère kéint et an Zukunft zu Problemer kommen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Wier et aus Transparenzgrënn net méi einfach, datt bei enger Upassung vun den Horairen awer eng Informatioun un déi jeeweileg Gemeng géif goen?
  • Kéint de Verkéiersverbond net iwwer eng Alerte (Push mail) déi concernéiert Gemeng e puer Deeg am Viraus iwwer d’Upassung vun der spezifescher Linn informéieren, sou datt de Fuerplang an de Bushaltestellen ugepasst ka ginn?
  • Misst de Mobilitéitsministère net dofir suergen, datt den ëffentlechen Transport gefërdert gëtt an domat och den Informatiounsfloss?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Zréck