Wat sinn d’Eckpunkter vun de neien Dünger-Bestëmmungen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

 

An engem Interview mam Luxemburger Wort huet d’Madamm Ëmweltministesch erkläert, dat hiert Haus am gaangen ass, Düngerveruerdnung aus dem Joer 2000 unzepassen. Konkret geet et ëm d’Stéckstoffdüngung am Zesummenhang mat der Waasserqualitéit. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen.

  • Wat sinn d’Eckpunkter vun de neien Dünger-Bestëmmungen?
  • Bezéien se sech just op de Stéckstoff oder och nach op aner Zorten vun Dünger?
  • Wéini wäerten déi nei Reegelen a Kraaft trieden?
  • Sinn d’Vertrieder vum Beruff aktiv an d’Virbereedungsaarbechten agebonnen ginn an fléissen hir Proposen an Doleancen an den Text an?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Zréck