Wat seet den Stresstest iwwert d’Energiesecherheet zu Lëtzebuerg an den eenzelnen Szenarien aus?

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie weiderzeleeden.

Läscht Woch huet den däitsche Wirtschaftsminister d’Resultater vun engem Stroumstresstest presentéiert. Beim Stresstest sinn d’Auswierkunge vun der ugespaanter Lag op den Energie-Marchéen op Sécherheet vun der Stroumversuergung an Däitschland ënnersicht ginn. Konkret ass gepréift ginn op dat däitscht Stroumnetz den Extrembedingunge vun engem strenger Wanter mat erheigtem Energieverbrauch standhält – mat oder ouni Atomstroum. Ausserdeem ass och gekuckt gi wéi eng Konsequenzen e méigleche Gasstop op Energieversuergung huet.

An der Kommissiounssëtzung vum 8. September huet den Energieminister de Membere vun der Kommissioun erkläert datt am Kader vun dësem Stresstest Lëtzebuerg mat gekuckt gi wär.

An deem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Energie stellen:

  • Wat seet den Stresstest iwwert d’Energiesecherheet zu Lëtzebuerg an den eenzelnen Szenarien aus?
  • Kann den Här Minister eis d’Resultater vun dësem Stresstest fir Lëtzebuerg zur Verfügung stellen?
  • Gëtt fir Lëtzebuerg nach ee separate Stresstest gemaach? Wa jo wéini? Wann nee firwat net?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Paul Galles

Zréck