Kann de Minister confirméieren, dass Däitschland e Solidaritéitsofkommes iwwert Gasliwwerunge wollt ofschléissen an dat net vun onser Regierung gutt geheescht gouf?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu engem bilaterale Solidaritéitsvertrag mat Däitschland un den Här Energieminister weider ze leeden.

Momentan befënnt sech d’Europäesch Unioun an enger Energiekris. Virun allem Däitschland ass besonnesch betraff well sech hei iwwert di lescht Joren eng héich Ofhängegkeet vu russeschem Gas opgebaut huet. Dofir huet laut engem Welt-Artikel d’Bundeswirtschaftsministerium ugefrot op Lëtzebuerg bereet wier e Solidaritéitsofkommes mat Däitschland ofzeschléissen, dat am Noutfall géif Äerdgasliwwerungen an Däitschland verflichtend maachen. Laut dem Artikel huet Lëtzebuerg dat awer, genau wei Holland an d’Belsch ofgeleent, opgrond vun der ongekläerte Fro vun Entschiedegungsfuerderunge vun auslänneschen (dat heescht an onsem Fall vu lëtzebuergeschen) Entreprisen di dann op de Gas misste verzichte fir an Däitschland di kritesch Infrastruktur ze versuergen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Kann de Minister confirméieren, dass Däitschland e Solidaritéitsofkommes iwwert Gasliwwerunge wollt ofschléissen an dat net vun onser Regierung gutt geheescht gouf?
  • Wann jo, wat sinn di genau Grënn fir des Entscheedung?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Zréck