Gëtt bei alle landwirtschaftleche Flächen, déi schonn méi laang an engem Biodiversitéitsprogramm dran sinn an op deenen keng Planzeschutzmëttelen ausbruecht goufen, en detailléierten Monitoring bei den eenzelen Parzelle gemaach?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Zanter Joren ginn et verschidde Biodiversitéitsprogrammer an der Landwirtschaft, un deenen d’Baueren kënnen fräiwëlleg deelhuelen. Op dëse Flächen dierfen dann keng Planzeschutzmëttelen méi ausbruecht ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Gëtt bei alle landwirtschaftleche Flächen, déi schonn méi laang an engem Biodiversitéitsprogramm dran sinn an op deenen keng Planzeschutzmëttelen ausbruecht goufen, en detailléierten Monitoring bei den eenzelen Parzelle gemaach?
  • Wa jo, wat sinn d’Resultater vun dësem Monitoring a wat fir Konsequenzen zitt den zoustännegen Ministère doraus?
  • Wéi gesäit op dësen Flächen d’Entwécklung bei der Fauna aus, méi speziell beim Bestand vun de Bodenbrüter an den Amphibien?
  • No wat fir enger Method gëtt de Monitoring zu den Amphibien an den Bodenbrüter gemaach?
  • A wat fir zäitlechen Ofstänn gëtt d’Datenerfaassung gemaach, wou ginn d‘Resultater archivéiert a wou kann een se konsultéieren?
  • Wann nee, fir wat gët keen Monitoring gemaach?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

 

Zréck