Wéi eng Mesurë gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir betraffene Léit finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen durch di ugekënnegt Hausse vum Leetzëns ëm 0,75 Prozentpunkten ?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzministesch an un den Här Wunnengsbauminister weiderzeleeden.

Déi europäesch Zentralbank huet ugekënnegt de Leetzëns ëm 0,75 Prozentpunkten an d’Luucht ze setzen. Des Hausse wäert och zu méi heigen Zënsen op den Immobiliëprête féiere wat en direkten Impakt op d’finanziell Situatioun vun de Leit huet déi an Zäite vun héijen Energiepräisser schonn extrem belaascht sinn.

Fir Zënslaascht bei Immobiliëprêten erofzesetze kenne Leit ënnert verschiddene Konditioune vun enger subvention d’intérêt respektiv vun enger bonification d’intérêt profitéieren.

An deem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Finanzministesch an un den Här Wunnengsbauminister stellen:

  • Wëssend dass d’Hausse ëm 0,75 Prozentpunkte vum Leetzëns am Euroraum Zënsen op den Immobiliëprête beaflosst, ass Regierung bereet subvention d’intérêt respektiv bonification d’intérêt an der selwechter Gréisstenuerdung no uewen unzepasse respektiv de maximale Plaffong eropzesetzen?
  • Wéi eng aner Mesurë gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir deene betraffene Léit finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Zréck