Wëll de Minister an de Marché agréife fir de Stroumpräis ze reduzéiere bzw. bëlleg Energieträger wéi Erneierbare vum Gas-Stroum a Gaspräis ze entkoppelen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Aspeisetariffer un den Här Energieminister weider ze leeden.

Den Ausbau vun de Photovoltaikanlagen (PV) ass essentiell fir dass ons d‘Energietransitioun geléngt, souwéi dass mir ons méi onofhängeg vun de fossillen Energië maachen. Duerch di ugekënnegt Präishausse vu (35%) duerch Encevo beim Stroum stellt sech awer d’Fro op di Präishausse och wäert un de lokale Produzent a Form vun den Aspeisetariffer wieder geleet ginn. Aktuell läit den Tarif fir Anlage bis 10 kW bei 0,15 €/kWh a fir Anlagen iwwer 10 a bis 30 kW bei 0,14 €/kWh.

E Grond vun der Präishausse ass jo de sougenannte Merit-Order Prinzip, dat heescht dass de leschte Stroumproduzent an der Kett (deen am deierste produzéiert) dee gebraucht gëtt fir d’Demande u Stroum ze erfëllen, de Präis fir de gesamte Marché festsetzt. Dat bedeit dass bei Nova Naturstroum, wou jo zu 100% op Stroum zréck gegraff gëtt deen aus erneierbaren Energië produzéiert ginn ass, de Präis och elo unzitt. Viru Joren ass awer ëmmer gesot ginn datt dësen Tarif deen eppes méi héich ass wéi den normalen Tarif keng all ze vill grouss Präisschwankungen däerft erliewen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Kritt de Propriétaire vun der PV-Anlag, also de Produzent vum Stroum, och eng Vergütung zegutt geschriwwen oder geet dësen Iwwerschoss an d’Täsch vum Stroumopérateur?
  • Sollt de Stroumproduzent keng zousätzlech Vergütung op senger Produktioun kréie, wéi well de Minister engem potenziellen Interessent vun enger PV-Anlag erklären datt den zousätzleche Benefice just un déi grouss Energieoperateure geet an net un de klenge Mann deen an eng eege PV-Anlag investéiert huet?
  • Firwat zitt de Präis vum Nova Naturstroum och un, obwuel gesot gouf dass en keng sou grouss Präisschwankungen däerft erliewe wéi Stroum deen aus fossille Quelle produzéiert gouf?
  • Wéi ass dem Minister seng Positioun zum Merit-Order Prinzip? Wëll hien an de Marché agréife fir de Stroumpräis ze reduzéiere bzw. bëlleg Energieträger wéi Erneierbare vum Gas-Stroum a Gaspräis ze entkoppelen?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Zréck