Wivill Dokteren hunn de Rehazenter zanter Januar 2021 verlooss?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Laut engem Bericht an der Press hätten an de leschte Méint eng Rei Dokteren den Centre National de Rééducation Fonctionnelle et de Réadaptation (Rehazenter) verlooss. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kënnt Dir confirméieren, datt et am Rehazenter eng Rei Departen bei den Dokteren gouf?
    • Wa jo, wivill Dokteren hunn de Rehazenter zanter Januar 2021 verlooss?
    • Wéini ginn déi Posten, déi elo op sinn, nei besat?
    • Wéi vill Spezialisten fir Rehabilitatiounsmedezin schaffen am Ablack am Rehazenter?
  • Gouf et och beim aneren spezialiséierten medezinesche Personal Departen?
    • Wann jo, wéi vill?
  • Kënnen all d’Patienten, déi eng Rehabilitatiounstherapie brauchen, nach korrekt en Charge geholl gin?
    • Wann nee, wat fir Alternativen gëtt et fir des Patienten medezinesch ze betreien?

Här President, ech  bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Claude Wiseler

Zréck