Kann de Minister bestätegen, dass net iwwerall am Land Solaranlagen un d’Niddregspannungsnetz kënnen ugeschloss ginn ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Photovoltaikanlagen (PV) an der Landwirtschaft un den Här Energieminister weider ze leeden.

Den Ausbau vun de  Photovoltaikanlagen (PV) ass essentiell fir dass ons d‘Energietransitioun geléngt, souwéi dass mir ons méi onofhängeg vun de fossillen Energië maachen. Momentan ginn et awer nach Erausfuerderunge beim Ausbau vun der Solarenergie an der Landwirtschaft. Op Opruff vun der Centrale Paysanne kristalliséieren sech virun allem zwee Problemer eraus: di allgemeng Infrastruktur an d’Käschten di duerch en zousätzlechen Uschloss an/oder en eegene Transformator erstinn. Éischtens ass et an verschiddene Regioune vum Land anscheinend net méiglech en Uschloss vun enger Solaranlag un d’Niddregspannungsnetz ze autoriséieren. Zweetens kënne modern PV net ëmmer un d’Niddregspannungsnetz ugeschloss gi bzw. d‘ Leitunge sinn net performant genuch fir di geliwwert Spannung ouni Sécherheetsrisiko entgéint ze huelen. Hei muss de Landwirt dann en zousätzlechen Uschloss an/oder en eegene Transformator op seng Käschten installéieren.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Ministere stellen:

  • Kann de Minister bestätegen, dass net iwwerall am Land Solaranlagen un d’Niddregspannungsnetz kënnen ugeschloss ginn ? Wann jo wéi eng Regioune sinn dat? Wann jo firwat ass dat esou? Wéi eng Mesurë plangt de Minister fir dëse Problem schnellstméiglech ze behiewen?
  • Plangt de Minister eng Subventioun (oder enge aner Mesure) fir de Leit bei der Installatioun vun engem zousätzlechen Uschloss an/oder engem eegene Transformator ze hëllefen?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Paul Galles

Zréck