Plangt d’Ministesch eng Sensibiliséierungscompagne zum néien Offallgesetz?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Offallgesetzer un d’Madamm Ëmweltministesch, weider ze leeden.

Am leschte Summer goufen an der Chamber d’Gesetzestexter zum Offall diskutéiert an ugeholl. Bei der Diskussioun gouf am Plenum drop higewisen dass et wichteg wier d’Veräiner an d’Gemenge fréizäiteg iwwert d‘Changementer ze informéieren. Onsen Informatiounen no ass bis ewell awer nach keng Sensibiliséierung geschitt? Et wär awer wichteg dass d’Gemengen Informatioune géife kréie wat fir Produit’en ab wéini verbuede sinn, fir dat si dann esou ee Kalenner mat Informatiounen och un d’Veräiner kenne wieder ginn. Sou kéint ee méigleche Streidereien a Mëssverständnisser direkt aus dem Wee goen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Ministere stellen:

  • Kann d’Ministesch ons Informatioune bestätegen?
  • Plangt d’Ministesch eng Sensibiliséierungscompagne? Wann jo wéini sollen d’Gemengen di Informatioune kréien, wat wéini verbueden ass oder bei Manifestatioune verbuede gëtt?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf

Zréck