Wéi laang wäert d’Nord-Streck fir den Eisebunnsverkéier gespaart bleiwen ?

Här President,
 
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.
 
E Samschdeg, de 27. August 2022, koum et am Tunnel „Schieburg“ tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz op der Eisebunnslinn 10 (Lëtzebuerg – Ettelbréck – Gouvy) zu engem Tëschefall, wéi et vun offizieller Säit geheescht huet. Duerch en Äerdrutsch ass den Tunnel op enger Längt vu 4 Meter mat Steng zougeschott an doduerch onpasséierbar. Fir den alldeeglechen Eisebunnsverkéier bedeit dat, dass aktuell keng Zich op der sougenannter Nord-Streck kënne fueren.
 
An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:
 
– Wéi laang wäert d’Nord-Streck gespaart bleiwen ?
  • Wëssend, dass déi provisoresch Ersatz-Busse méi laang brauche wéi den Zuch, wéi eng Alternativléisunge plangt den Här Minister – iwwer déi provisoresch Ersatz-Bussen eraus – en Place ze setzen, fir de Passagéier vun der Eisebunnslinn 10 den Trajet um Deelstéck tëschent Ettelbréck a Gouvy sou komfortabel an sou effizient wéi méiglech ze maachen ?
    • Ass virgesinn, eng oder méi Express-Buslinnen mat just e puer Arrêten anzesetzen, bis zur Réouverture vun der Zuchstreck?
    • Wa jo, vu wéini un, mat wéi engem Trajet an a wéi engem Takt?
    • Wann net, firwat net?
    • Wéi eng aner Léisunge proposéiert den Här Minister de Leit aus den nërdleche Regioune vum Land respektiv deene Frontalieren, déi aus den nërdleche Grenzgebidder mam Zuch op Lëtzebuerg schaffe kommen?
  • Wéi steet den Här Minister enger méiglecher direkter Zuchverbindung tëschent Wolz an der Stater Gare géintiwwer fir den alldeeglechen Trafic aus dem Norden an d’Stad ze entlaaschten?
 
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen                                Emile Eicher
Co-Fraktiounspresidentin              Deputéierten
Aly Kaes                                            Jean-Paul Schaaf
Deputéierten                                   Deputéierten
Zréck