Wéi vill Ausbildungsplaze gëtt et aktuell fir de „Bachelor en Sciences de l’Education“ op der Uni Lëtzebuerg?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

An der Grondschoul feelt et weiderhin u genuch Léierpersonal. Well net genuch „brevetéiert“ Léierinnen a Schoulmeeschteren disponibel sinn, gëtt och fir d’Schouljoer 2022/2023 op „Quereinsteiger“ (Détenteurs d’un bachelor en relation avec un des objectifs de l’enseignement fondamental) zréckgegraff.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Wéi vill nei Poste sinn dëst Joer an der Grondschoul besat ginn?
    • Wéi vill dovu vu qualifizéierten Enseignanten?
    • Wéi vill dovu vu Quereinsteiger?
    • Wéi eng Ausbildung haten dës Quereinsteiger ?
    • No wéi enger Critère ginn d’Quereinsteiger erausgewielt, wa méi Kandidaten do sinn ewéi Posten a wie mécht déi Selektioun?
  • Zu wéi engem Zäitpunkt kréien d’Kandidate Bescheed gesot?
    • Kréien si bei enger Ofso och eng detailléiert Argumentatioun?
    • Wann net, firwat net ?
  • Wéi vill Ausbildungsplaze gëtt et aktuell fir de „Bachelor en Sciences de l’Education“ op der Uni Lëtzebuerg?
  • Wéi wäit sinn d’Verhandlungen tëschent dem Ministère an der Uni, fir des Unzuel an d’Luucht ze setzen?
  • Wéi vill Studente kënne fir dat nächst Ausbildungsjoer ugeholl ginn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck