Wéi ass déi aktuell Gewiichtung vu Gas, Heizungsmasutt, Stroum a Carburant (Bensinn an Diesel) am Index-Wuerekuerf ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzminister an un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

An engem Communiqué huet Enovos Detailer ginn zu der Hausse vun de Gaspräisser vum 1. Oktober un. Deemno hätt en Duerchschnëttshaushalt vu 4 Leit mat engem duerchschnëttleche Joresverbrauch vun 3.300 Kubikmeter an Zukunft Gaskäschte pro Joer vu 5.400 Euro. Dat si ronn 2.400 Euro méi, wéi aktuell fir déi selwecht Quantitéit muss bezuelt ginn. Dës an aner Präishausse bei Energieträger wäerten e substanziellen Impakt op de finanzielle Spillraum vu ville Menagen hunn.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Finanzminister an un den Här Wirtschaftsminister stellen:

  • Wéi ass déi aktuell Gewiichtung vu Gas, Heizungsmasutt, Stroum a Carburant (Bensinn an Diesel) am Index-Wuerekuerf ?
  • Wéi misst déi Gewiichtung opgrond vun den aktuellen a kommende Gaspräisser (vum 1. Oktober un) ugepasst ginn ?
  • Wat wier den Afloss op d’Declenchéiere vun enger nächster Indextranche, wann een der reeller Gewiichtung – i.e. eng Gasrechnung, déi par Rapport zum leschte Joer 2.400 méi héich ass – géif Rechnung droen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Gilles Roth

Co-Fraktiounspresident

Zréck