Wéi en Afloss huet déi exponentiell Präis-Hausse beim Stroum op d’Energiepolitik vun der Regierung ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie a Landesplanung weiderzeleeden.

An der Sendung „Invité vun der Redaktioun“ huet de René Winkin, Direkter vun der FEDIL, den 31. August 2022, en neie „Maart-Design“ fir de Stroum-Marché gefuerdert, fir „méi verstänneg Präisser“ ze kréien, fir d’Betriber, awer och fir d‘Leit. Et misst ee fortkomme vum aktuelle System, fir méi no un déi reell Käschten erunzekommen. De Problem ass, dass de Stroumpräis aktuell un de Gaspräis gekoppelt ass, un dat deierst Kraaftwierk.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Energie a Landesplanung stellen:

  • Wéi jugéiert den Här Minister deen aktuelle Berechnungsmodus vum Stroumpräis?
  • Wéi positionéiert sech den Här Minister par Rapport zu der Fuerderung vun engem neie „Maart-Design“ fir de Stroum?
  • Wéi en Afloss huet déi exponentiell Präis-Hausse beim Stroum op d’Energiepolitik vun der Regierung ?
  • Wéi eng Moossname gedenkt den Här Minister kuerzfristeg en Place ze setzen :
    • Fir de Stroumpräis ze stabiliséieren ?
    • Fir d’Betriber bei de Stroumkäschten z’ënnerstëtzen ?
    • Fir de Privatleit bis wäit an d’Mëttelschicht eran bei de Stroumkäschten ënner d’Äerm ze gräifen ?
  • Riskéiert deen héije Stroumpräis net, déi ekologesch Transitioun mëttelfristeg méi schwéier ze maachen?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck