Wéi erkläert den Här Minister d’Präis-Hausse vum Gas zu Lëtzebuerg par Rapport zur Präis-Baisse um internationale Marché ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie a Landesplanung weiderzeleeden.

D’Äerdgaspräisser un der hollännescher Bourse TTF sinn den 29. an 30. August zimmlech däitlech erofgaangen. Leschte Freideg louch de Präis nach iwwer 350 Euro, an der Tëschenzäit läit en awer nees däitlech ënner der 300-Euro-Grenz.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Energie a Landesplanung stellen :

  • Wéi ass d’Relatioun tëscht der ugekënnegter Präis-Hausse vum Gas um Lëtzebuerger Marché an de Präis-Beweegungen op der Bourse ?
  • Wéi erkläert den Här Minister d’Präis-Hausse vum Gas zu Lëtzebuerg par Rapport zur Präis-Baisse um internationale Marché ?
  • Wéi en Afloss hunn dës Präis-Schwankungen op eventuell weider Ënnerstëtzungsmoossname vun der Regierung ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck