Wéi eng Consignen hunn d’Lycéeën, fir op Fäll vu Mobbing a Gewalt an der Enceinte vun der Schoul an awer och um Schoulwee ze reagéieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Justiz, un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Am „Luxemburger Wort“ vum 30. August 2022 gëtt de Fall vun engem 12-järege Schüler beschriwwen, dee vun der ënner dem Nummer „Dix-sept“ bekannter Jugendgang permanent terroriséiert gëtt. D’Konsequenze fir de Jong, awer och fir seng Famill sinn uerg. D’Leit kréie um Niveau vun der Schoul keng Hëllef, si fille sech am Stach gelooss. Eréischt vun deem Moment un, wou si eng Plainte bei der Police maachen, kënnt Beweegung an den Dossier. Um Enn wiesselt de Jong an e Lycée an d’Ausland, fir kënnen nei unzefänken an ouni Angscht an d’Schoul ze goen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Minister fir Justiz, un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Ass de beschriwwene Fall deene concernéierte Ministere bekannt?
    • Wa jo, gëtt et nach aner Fäll, vun deenen d‘Ministère Kenntnis hunn?
    • Wann net, wéi gedenkt d’Regierung op dëse vun der Press opgegraffene Fall ze reagéieren?
  • Wéi eng Consignen hunn d’Lycéeën, fir op Fäll vu Mobbing a Gewalt an der Enceinte vun der Schoul an awer och um Schoulwee ze reagéieren?
  • Wéi vill vergläichbar Fäll sinn an de leschte Joren bei de Lycéesdirektiounen, bei engem „Service psycho-social et d’accompagnement scolaires“, bei der Police oder soss enger Ulafstell gemellt ginn?
  • Wéi vill Kanner a Jugendlecher sinn aktuell wéinst Mobbing an/oder Gewalt duerch aner Schüler a psychologescher Behandlung?
  • Wéi eng Moossnamen plangt d’Regierung ze huelen, fir ze verhënneren, dass sech Fäll wéi dee vun deem 12-järege Jong an de Lëtzebuerger Schoulen heefen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marc Spautz                                                                    Martine Hansen

Deputéierten                                                         Co-Fraktiounspresidentin

Zréck