Wéi eng Ännerunge plangt den Här Minister um RGTR-Busreseau virzehuelen, fir sécherzestellen, dass jiddereen, deen de Bus wëll oder muss huelen, och Plaz dra kritt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

D’Reform vum RGTR-Reseau huet ënner anerem d’Schafe vun enger Partie neie Linnen, d’Ofschafe vun anere Linnen a vill Ännerunge bei den Horaire mat sech bruecht. Wann och villes vun all deem ze begréissen ass, sou bréngt d’Neiopstellung vum RGTR-Netz awer och eng Partie Nodeeler mat sech, virun allem an de ländleche Regiounen. An der Suite e puer Beispiller :

Op verschiddene Verbindungslinnen tëschent Haaptachsen an/oder Garen komme méi kleng Bussen zum Asaz, deelweis mat enger ganz niddereger Transportkapazitéit. Eisen Informatiounen no kënnt et hei ëmmer nees zu Fäll, wou dës mat enger Camionnette vergläichbar Busse scho voll sinn, wa si op den Arrête stall halen. Fir déi Leit, déi dee Moment do stinn op de Bus ze waarden, bedeit dat, dass si net kënne matfueren an entweder op deen nächste waarden oder sech no enger anerer Transportméiglechkeet ëmkucke mussen.

Dëse Problem stellt sech virun allem och fir d’Lycées-Schüler, déi am ländleche Raum wunnen an drop ugewise sinn, Plaz am Bus ze fannen, fir an d’Schoul ze kommen. Hei sief d’Linn 146 Kautebaach/Gare – Géisdref – Wolz/Lycée du Nord als Beispill genannt. Den entspriechende Bus kënnt elo nëmme méi all Stonn. Virdrun ass an den Haaptzäiten all hallef Stonn e Bus gefuer. Well d’Passagéier sech elo net méi op zwee Bussen an enger Stonn verdeelen, ass d’Chance duebel esou grouss, dass de Bus voll ass, wann e kënnt.

Folgende Problem stellt sech op der Linn 170 Ettelbréck – Dikrech – Huldang/Schmëtt : Am Ettelbrécker Lycée geet um 14.50 Auer d’Schell, den Départ vum Bus op der Gare routière zu Ettelbréck ass awer ëm genau déi selwecht Auerzäit virgesinn. Well et de Bus um 15.18 Auer net méi gëtt, mussen d’Schüler bis 15.50 Auer waarden. Sou geet de Schüler vill Zäit verluer, déi si anescht kéinten notzen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen :

  • Huet den Här Minister Kenntnis vum beschriwwene Problem mat de Mini-Bussen op der Linn 146?
    • Wa jo, kann den Här Minister eis driwwer informéieren, op wéi enge Linnen et dëse Problem nach gëtt ?
    • Wéi dacks stellt dee Problem sech pro Woch a wéi vill Leit kënnen doduerch net matgeholl ginn ?
  • Huet den Här Minister Kenntnis vum beschriwwene Problem mam Horaire vun der Linn 170, deen net op de Schoulschluss vum Ettelbrécker Lycée ausgeriicht ass?
    • Wa jo, wéi eng Léisung proposéiert den Här Minister, am Interessi vun de Schüler ?
  • Ganz allgemeng, wéi eng Ännerunge plangt den Här Minister um RGTR-Busreseau virzehuelen, fir sécherzestellen, dass jiddereen, deen de Bus wëll oder muss huelen, och Plaz dra kritt ?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Aly Kaes

Zréck