Wéi héich sinn d’Recetten, déi den Staat op der TVA um Gas zanter dem 1. Januar 2022 generéiert huet?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzministesch weiderzeleeden.

D’Energiepräisser sinn an de leschte Méint staark geklommen. Och bei de Gaspräisser gëtt et eng däitlech Hausse. Doriwwer eraus ass de Präis vum CO2 op den 1. Januar 2022 op 20 Euro pro Tonn geklommen a soll 2023 op 30 Euro pro Tonn erop gesat ginn. Um Montant vun der CO2-Steier sinn nach eng Kéier 8 Prozent TVA fälleg.

An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Finanzministesch stellen.

  • Wéi héich sinn d’Recetten, déi den Staat op der TVA um Gas zanter dem 1. Januar 2022 generéiert huet?
  • Wéi gesäit d’Entwécklung par Rapport zum selwechten Zäitraum vum Joer 2021 aus?
  • Wéi héich sinn d’Rezetten, déi de Staat iwwert TVA op der CO2-Steier zanter Januar 2022 generéiert huet?
  • Wéi gesäit d’Entwécklung par Rapport zum gläichen Zäitraum vum Joer 2021 aus?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Gilles Roth

Zréck