Wéi ass d’Positioun vun der Madamm Minister par Rapport zu enger eventueller Nei-Notzung vun der Source Bel-Val?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

Héich Temperaturen a kaum Reen iwwer Méint suerge fir historesch niddereg Flëss an e weider réckleefegen Niveau vum Grondwaasser, dee sech ënner den verännerte Klimakonditiounen net sou einfach regeneréiere kann. Opgrond vun der unhalender Dréchent fänkt munchereen un, sech Suergen ëm d’Drénkwaasserversuergung ze maachen an denkt, nieft dem spuersamen Ëmgank mam Waasser, iwwer alternativ oder zousätzlech Quellen no, fir d’Waasserversuergung vu Land a Leit weider sécherzestellen.

An deem Kontext sief un d’Mineralwaasserquell Bel-Val um haitege Site Belval erënnert, um Territoire vun der Gemeng Suessem. D’Quell mat engem Debit vun 300.000 Liter gouf 1891 gefaasst. 1893 gouf d’Waasser an den Handel bruecht. D’Waasser vun der „Société Anonyme Générale des eaux minérales de Bel-Val“ gouf net nëmmen zu Lëtzebuerg verkaaft, mee och an Europa, Nord- a Südamerika an a China exportéiert. Wéinst Mëssmanagement, Wirtschaftskris a staarker Konkurrenz gouf d’Produktioun 1935 agestallt. D’Quell existéiert bis haut, an den 2000er-Joren gouf se a Beton gefaasst an et gouf en Deckel drop gemaach.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung stellen:

  • Wéi ass d’Positioun vun der Madamm Minister par Rapport zu enger eventueller Nei-Notzung vun der Source Bel-Val?
  • Sinn Etuden am deem Sënn gemaach oder an Optrag gi ginn?
  • Wa jo, wat sinn d’Erkenntnisser?
  • Wann net, firwat kënnt d’Source Bel-Val net als weider Drénkwaasserquell a Fro?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo

Marc Spautz

Zréck