Wéini ass d’Autorisatioun d’abattage vun enger Rëtsch Hektar Beem Richtung Findel vum Ëmweltministère erausgaangen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Den Tram gëtt a Richtung vum Findel ausgebaut. Nodeems eng Rëtsch Hektar Beem hu misse ëmgehae ginn, huet sech erausgestallt, datt eng bedreete Fliedermaus sech deelweis an dësem Areal opgehalen huet.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen :

  • Firwat ass déi entspriechend Etude net am Viraus gemaach ginn?
  • Wéini ass d’Autorisatioun d’abattage vum Ëmweltministère erausgaangen?
  • Wéi gedenken den Ëmwelt- an de Mobilitéitsministère heimat ëmzegoen, fir dës Situatioun nees ze redresséieren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Zréck