Wéi war d’Evolutioun vun der Unzuel vun Dagesmammen a -pappen wärend deene leschten 3 Joer ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Den 12. Juli gouf an der Chamber d’Gesetz vun der Gratis-Kannerberetreiung an de Strukture vun der non-formaler Bildung gestëmmt. Vun der Rentrée 2022-2023 ass den Accueil wärend de Schoulwoche deemno gratis fir déi schoulflichteg Kanner aus dem Enseignement Fondamental. D’Gratuitéit betrëfft all d‘Bildungs- a Betreiungsstrukture fir schoulflichteg Kanner, also och d’Dagesmammen a -pappen (Assistants parentaux). Allerguer si se aktuell mat de klammende Präisser bei de Liewensmëttel konfrontéiert, ouni dass de Barême fir d’Gratis-Mëttegiessen am Kader vum System „Chèque Service Accueil“ ugepasst ginn ass.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen :

  • Kann den Här Minister mech iwwer d’Evolutioun vun der Unzuel vun Dagesmammen a -pappen wärend deene leschten 3 Joer informéieren ?
  • Falls ee Réckgang ze verzeechnen ass, wéi eng eventuell Grënn gesäit den Här Minister fir d’Decisioun vun verschiddenen Dageselteren, fir mat hirer Aktivitéit opzehalen?
  • Am Fall, wou den Här Minister der Meenung ass, dass d’Dageselteren e wichtegt Element vun der Offer vun der Kannerbetreiung sinn, ass hie gewëllt, eppes géint de Réckgang vun der Unzuel vun „Assistants parentaux“ ze maachen?
  • Wa jo, wéi eng Moossname si geplangt, fir d’Attraktivitéit vum „Assistant parental“ héich ze halen?
  • Wéini wëll den Här Minister iwwer eng Upassung vum Plaffong vun der maximaler finanzieller Participatioun duerch de Staat pro Kand a pro Stonn fir den Accueil a fir d’Iessen an den „Structures d’accueil“ an och bei den „Assistants parentaux“ décidéieren?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

 

Zréck