„10+1“ PUNKTE-PAAK VUN DER CSV FIR LEIT A BETRIBER.
- Steiertariff
- Inflatiounsberengegung Steiertabell an dobäi den Agangsmontant vun 11.265 Euro op 15.000 Euro an d’Luucht setzen.
- Steiertranche schrëttweis verbreederen (z.B. 2.500 Euro).
- Zousätzlech Steiertranche vu 45 Prozent fir Spëtzeverdénger (z.B. 500.000 Euro).
Eventuell degressiven Steierkredit fir een Mindestlounempfänger steierlech ze befreien.
- Steierklass 1A
- Agangsmontant vun 22.530 Euro op 30.000 Euro an d’Luucht setzen.
- Iwwergangszäit vu Steierklass 2 op Steierklass 1A vun 3 op 5 Joer eropsetzen.
- Manner schnell Progessioun vum Tariff 1A.
- Fiscalité immobilière
- Plafong vu Scholdzënsen op Eegenheem verduebelen:
- 000 Euro éischt 5 (7) Joer -> 4.000 Euro.
- 500 Euro nächst 5 Joer -> 3.000 Euro.
- 000 Euro weider Joren -> 2.000 Euro.
- Steierkredit « Bëllegen Akt » vun 20.000 op 50.000 Euro.
- TVA-Fräibetrag vu 50.000 op 100.000 Euro.
- Taux réduit « moitié du taux global » op Plus-values bei Immobiliëverkeef wann Haltezäit méi wéi 5 Joer ass (aktuell 2 Joer).
- Plaffong fir Amortissement accéléré a Scholdzënsen bei Mietwohnungen aféieren
- Inflatiounsberengegung vun de Plaffonge fir Sonderausgaben,
Charges extraordinaires a Kilometerpauschal
- Plaffong Sonderausgaben (Plaffong Assuranceprimmen, Scholdzënsen, Bauspueren) ëm 25 Prozent eropsetzen.
- Referenzwäerter fir Charges extraordinaires verduebelen.
- Kilometerpauschal vu 99 op 125 Euro eropsetzen.
- Neen zu Verméigenssteier a Neen zur Ierfschaftssteier an direkter Linn
- NEE zur Nees-Aféierung vun der Verméigenssteier fir Privatleit an Aféiere vun Ierfschaftssteier an direkter Linn!
- JO zu :
- Spekulatiounssteier op eidel Haiser an net bebauten Terrainen.
- Neiausriichtung vun der Grondsteier.
- Krittären: Fläch vum Terrain a potenziell Bebaubarkeet.
- Fiscalité écologique
- JO zur CO2-Steier (Mee an den Indexwuerekuerf) – bei ze héijen Energiepräisser zäitlecht Aussetzen, mee equivalente Montant aus dem Staatsbudget an den Zukunftsfong.
- TVA-Steierkredit fir Investissementer an energetesch Sanéierung vu bestoendem Eegenheem no 5 Joer (Norüstung).
- 3% TVA op Photovoltaik.
- Jo zur aktueller Subsidepolitik fir erneierbar Energien.
- Modernisatioun vum Steiersystem
- Digitale Steierdossier pro Entreprise mat Méiglechkeet vun automatescher Compensatioun tëschent Steierscholden a Steierguttschrëften vun direkten an indirekten Steieren.
- Reduktioun vum Montant vun de Verzugszënsen vun 0,6 op 0,3 Prozent de Mount (7,2 Prozent pro Joer op 3,6 Prozent).
- Eenheetleche Steierdossier mat Steiernetting fir Betriber fir Steier-Situatioun ze iwwerblécken (z.B. via Luxtrust)
- Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg
- Erliichterung vun de Conditioune fir an de Genoss vun enger « Prime participative » ze kommen fir Leit ënner 40 Joer a wärend enger maximaler Dauer vu 5 Joer konsekutiv.
- Erliichterung vun de Conditioune fir an de Genoss vun dem Régime d’impatrié ze kommen fir Leit ënner 40 Joer a während enger maximaler Dauer vu 5 Joer konsekutiv.
- Weider Ureizer schaafen fir Innovatioun a Recherche an de Betriber: Steier-Bonificatioun eropsetzen.
- Perten vu Betriber réckwierkend geltend maachen
- Perten och réckwierkend geltend maachen a net just bei Berechnung vu Steieren duerno considéréieren.
- Eenheetlech Délaien bei der Steierverwaltung
- Selwechten Delai fir Reklamatioun bei Steierverwaltung wéi Délai fir Steierverwaltung fir Äntwert ze ginn.
- Délai vun 3 Méint fir op Reklamatioun ze reagéieren.
„10+1“: Proposition de „Loi Rau reloaded“