Muss mat der Entscheedung vum EU-Parlament de Gas als nohalteg anzestufen, dat groussherzoglech Reglement vum 9. Juni 2021 iwwert d’energetesch Performance vun de Gebaier ugepasst ginn?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der nohalteger Taxonomie un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

 

De 6. Juli huet d’EU-Parlament leider dofir gestëmmt, Investitiounen a Gas- an Atomstroum ënnert bestëmmten Konditiounen als nohalteg ze klassifizéieren. Domadder acceptéiert d’Parlament dësem Virschlo vun der Europäescher Kommissioun als delegéierten Rechtsakt. Zu Lëtzebuerg, soll awer ab dem 1.1.2023 en neit groussherzoglech Reglement gëllen, wat d’energetesch Performance vun de Gebaier reegelt. D’Referenzwäerter fir Heizungen ginn hei ugepasst, soudass et schwiereg gëtt fir zum Beispill eng Gasheizung bzw. en Masuttstank ze installéieren.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d‘Ministesch stellen:

  • Muss mat der Entscheedung vum EU-Parlament de Gas als nohalteg anzestufen dat besoten groussherzoglech Reglement vum 9. Juni 2021 ugepasst ginn?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck