Plangt d’Madamm Minister Consignen un d’Copropriétéiten erauszeginn, fir ze verhënneren, dass d’Temperatur vun der Heizungsanlag ënner en ze definéierende Seuil erofgesat gëtt ?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Verbraucherschutz weiderzeleeden.

Mengen Informatiounen no gëtt op de Generalversammlunge vu ville Copropriétéiten decidéiéiert, d’Heizungs- an deelweis och d’Waassertemperatur erofzesetzen, fir den Energieverbrauch ze limitéieren. Fir d’Propriétairen, déi mat där Decisioun net averstane sinn, a besonnesch fir d’Locatairen, déi keen Afloss op sou Decisiounen hunn, kann doduerch d’Situatioun entstoen, dass si an hirer Wunneng eng erofgesate Maximaltemperatur imposéiert kréien, déi fir hiert perséinlecht Empfannen an hire perséinleche Komfort net duergeet.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Minister fir Verbraucherschutz stellen:

  • Huet d’Madamm Minister fir Verbraucherschutz Kenntnis vun entspriechenden Decisiounen a Copropriétéiten respektiv vu Reaktioune vu betraffene Bewunner ?
  • Wéi eng Méiglechkeeten hunn dës Leit, iwwer eng Reklamatioun beim Syndic eraus, fir sech géint en Erofsetze vun der Temperatur ze wieren ?
  • Plangt d’Madamm Minister Consignen un d’Copropriétéiten erauszeginn, fir ze verhënneren, dass d’Temperatur vun der Heizungsanlag ënner en ze definéierende Seuil erofgesat gëtt ?
    • Wa jo, wéi gesinn dës Consignen am Konkreten aus a wéini ginn se un d’Copropriétéite verschéckt ?
    • Wann net, firwat net a wéi wëll d’Madamm Minister de Suerge vun de Bewunner entgéint kommen ?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck