Ass d’Regierung beim Testing fir de Fall preparéiert, wou d’Zuel vun den Infektiounen am Hierscht nees däitlech klëmmt?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Wéi e.a. aus dem Rapport zur Impfflicht ervirgeet, rechnen d’Experten am Hierscht mat enger neier Well vu Corona-Infektiounen. Wann et nees zu méi Infektioune kënnt, muss och nees méi getest ginn. An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Ass d’Regierung beim Testing fir de Fall preparéiert, wou d’Zuel vun den Infektiounen am Hierscht nees däitlech klëmmt?
    • Wa jo, wéi gesäit des Test-Strategie genee aus?
  • Ass garantéiert, dat an deem Fall genuch PCR- respektiv Schnelltester zur Verfügung stinn?
    • Wa jo, wéi grouss ass de Stock?
  • Ginn d’Test-Zenteren nees opgemaach, a wa jo wéi vill?
  • Ass garantéiert, dat an den Testzentren an an de Laboratoiren genuch Personal zur Verfügung, wann den Testing nees muss eropgefuer ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck