Wéi eng wëssenschaftlech Begrënnung gëtt et fir déi geplangte Restriktiounen am Agrargesetz?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weiderzeleeden.

No der Virstellung vum neien Agrargesetz am Ministère stelle vill Baueren sech Froen iwwert hir Zukunft. Eisen Informatiounen no ass fir dat nächst Agrargesetz virgesinn, kengem Betrib vun iwwer 150 Mëllechkéi respektiv 5 AKen am Véiberäich méi eng Baugeneemegung ze ginn. Och Bäihëllefe sollen et keng méi ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung stellen :

 

  • Kann den Här Minister déi genannten Informatioune confirméieren?
  • Kann den Här Minister déi wëssenschaftlech Basis a Begrënnung vun dëse Mesuren erklären an och beleeën?
  • Firwat ass d’Begrenzung op 150 Kéi respektiv op 5 AKen am Véiberäich festgesat ginn? Erwaart den Här Minister hei net eng Intensifikatioun vun der Produktioun pro Kou bei esou enger Begrenzung?
  • Kann den Här Minister soen, op een Ënnerscheed gemaach gëtt, wann méi Famillje vun engem Betrib respektiv vun der Mëllechproduktioun liewen?
  • Kann den Här Minister weider confirméieren, datt Strofe virgesi si fir Betriber iwwer 5 AKen, déi no 2023 méi Véi halen, wéi déi Joere virdrun?
  • Firwat gëtt net alternativ d‘Betribsentwécklung iwwert een objektive betribsspezifesche Monitoring zum Beispill a Saache Fudderautonomie gekuckt?

 

  • Kann den Här Minister eis och matdeelen, wéi a wéini hie gedenkt, d‘Lëtzebuerger Landwirtschaft iwwer déi uewegenannten Aschränkungen ze informéieren?
  • Kennt den Här Minister soss nach Secteuren an der Wirtschaft, wou de Betribswuestem gestoppt gëtt vun enger Gréisst vu 5 AKen un?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Hei fannt dir d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro :

Réponse QP

Zréck