Am Enseignement Secondaire ginn eng Partie Coure vu sougenannten externen Experte gehalen. Kann den Här Minister eis driwwer informéieren, wéi dës Experte pedagogesch begleet ginn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir  Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Am Enseignement Secondaire ginn eng Partie Coure vu sougenannten externen Experte gehalen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen :

  • Kann den Här Minister eis driwwer informéieren, wéi dës Experte pedagogesch begleet ginn ?
  • Kann den Här Minister eis matdeelen, a wéi enge Fächer op extern Experten zréckgegraff gëtt a fir wéi vill Wochestonnen ?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                    Marc Spautz

Co-Fraktiounspresidentin                                       Deputéierten

Zréck