Kann de Minister eis soen, wéi d’Konzept vun der gratis Hausaufgabenhëllef am Detail wäert ausgesinn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit bieden mir Iech dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Bildung weider ze leeden.

An der Emissioun „Background“ huet den Här Bildungsminister den 18. Juni op RTL annoncéiert, datt vu September un eng gratis Hausaufgabenhëllef géif offréiert ginn fir d’Kanner an der Grondschoul.

Laut den Informatiounen, déi mir an der Educatiounskommissioun kritt hunn, géif dat iwwer Konventioun mat den Maisons relaisen gereegelt ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann den Här Minister eis matdeelen, op  déi Responsabel aus de Maison relaisen schonn iwwert d’Emsetzung vun der gratis Hausaufgabenhëllef informéiert gi sinn?
  • Wéi soll déi ugeduechte Konventioun ausgesinn?
  • Kréien d’Maisons relaisen an dem Kontext zousätzlecht Personal ?
  • Wéi eng Qualifikatioun sollen déi Leit hunn, déi d‘Hausaufgabenhëllef maachen sollen?
  • Wat ännert konkret fir déi Kanner, déi bis elo schonns an der Maison relais waren ?
  • Kann de Minister eis soen, wéi d’Konzept am Detail wäert ausgesinn ?
  • Matt wiem ass dëst Konzept ausgeschafft ginn?
  • Wéi soll um Enn déi gratis Hausaufgabenhëllef finanzéiert ginn? Wéi héich ass dee geschatene Käschtepunkt?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Zréck