Wéi eng Moossnamen si geplangt, fir d’Präisser fir Bensinn an Diesel erofzedrécken a fir sou ze verhënneren, dass sech en Tanktourismus vu Lëtzebuerg a Richtung Däitschland a Frankräich entwéckelt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzministesch an un den Här Energieminister weiderzeleeden.

„Mieux vaut faire son plein d’essence an Allemagne, voire à Thionville!“ – Sou ass haut e Presseartikel iwwer den Ënnerscheed vun de Spritpräisser iwwerschriwwen. Den Diesel an och de Bensinn sinn – je no Zort – elo zu Lëtzebuerg méi deier wéi an Däitschland oder Frankräich. Dëst trotz der Applikatioun vu 7,5 Cent „Tankrabatt“ pro Liter Sprit hei am Land.  Dorausser riskéiert elo en Tanktourismus an ëmgedréinter Richtung z’entstoen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Finanzministesch an un den Här Energieminister stellen :

  • Wéi positionéiere sech d’Madamm an den Här Minister par Rapport zum aktuelle Präisënnerscheed op Bensinn an Diesel, deen elo zum Nodeel vun de Clienten hei am Land ass?
  • Wéi eng Moossnamen si geplangt, fir d’Präisser fir Bensinn an Diesel erofzedrécken a fir sou ze verhënneren, dass sech en Tanktourismus vu Lëtzebuerg a Richtung Däitschland a Frankräich entwéckelt?
  • Wéi schätzen d’Madamm an den Här Minister den Impakt vum „Tankrabatt“ vun aktuell 7,5 Cent pro Liter an? Si si der Meenung, dass dee muss an d’Luucht gesat ginn?
    • Wa jo, op wéi e Betrag a vu wéini un?
    • Wann net, wéi gedenken d’Madamm an den Här Minister der Präisspiral vun de Spritpräisser am Interessi vum Portmonni vun de Leit entgéintzewierken?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                          Gilles Roth

Co-Fraktiounspresidenten

Zréck