Hält den Här Minister et fir gerechtfäerdegt an ubruecht, fir d’Capabs-Notzer, alles Leit mat enger Behënnerung, am Fall vun engem Feelverhalen ze responsabiliséieren respektiv souguer ze bestrofen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

De Reservatiounssystem fir de „Sondertransportdienst“ Capabs (Transport Complémentaire d’Accessibilité pour Personnes à Besoins Spécifiques) gëtt vun der Rentrée 2022/2023 un ëmgestallt a wäert nom Modell vum Adapto-Déngscht funktionéieren. D’Capabs-Notzer goufen Enn Mäerz – de Bréif ass op de 25. Mäerz 2022 datéiert – iwwer dëse Changement informéiert a gebieden, de bäigeluechte Formulaire auszefëllen, z’ënnerschreiwen a bis den 1. Abrëll 2022 zréck un de Mobilitéitsministère ze schécken. Dofir bloufen de concernéierte Leit deemno just 7 Deeg Zäit.

Bei deem Schreiwes dobäi louchen och d‘„Betriebsbedingungen“ mat ënner anerem de Sanktiounen, opgelëscht an enger Tabell, déi spillen, wann d’Utilisateure géint d’Reegele verstoussen.

Sou kann den Notzer beispillsweis mat 2 Deeg Matfuerverbuet bestrooft ginn, wann hien en ugefroten Trajet net annuléiert hat; am Fall vun enger „Tatwiederholung“, wéi dat am offiziellen Dokument genannt gëtt, kann dëst Verbuet bis op 4 Deeg eropgoen. „Obszönität, Exhibitionismus, Aggressivität oder Beschädigung von Material im Fahrzeug“ gi mat 5 Deeg Matfuerverbuet sanktionéiert (10 Deeg bei „Tatwiederholung“). 5 bis 10 Deeg bedréit d’Strofmooss och am Fall, wou den Notzer net vun der virgesinner Persoun ofgeholl gëtt („die verantwortliche Person für den obligatorischen Empfang des Begünstigten ist nicht anwesend“).  A weider: „Die Aussetzung des Zugangs zum spezifischen regelmäßigen Sondertransportdienst kann für das laufende Kalenderjahr ausgesprochen werden, wenn der Begünstigte verschiedene Verstöße […] kumuliert und wiederholt, was dazu führt, dass die Beförderung nicht mehr organisiert werden kann.“

An dësem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen :

  • Gouf eng Evaluatioun vun der neier Adapto-Reservatiounsplattform gemaach, en Vue vun der Ëmstellung vum Capabs-System?
    • Wa jo, wat waren d’Erkenntnisser vun dëser Evaluatioun?
    • Wann net, firwat net?
  • Firwat war den Delai, an deem déi concernéiert Leit op d’Schreiwes vum Mobilitéitsministère konnten äntweren, esou kuerz gehalen, obwuel den neie System réischt bei der Rentrée uleeft ?
  • Hält den Här Minister et fir gerechtfäerdegt an ubruecht, fir d’Capabs-Notzer, alles Leit mat enger Behënnerung, am Fall vun engem Feelverhalen ze responsabiliséieren respektiv souguer ze bestrofen?
    • Wa jo, op Basis vu wéi enge Critèren ass de Strofekatalog opgestallt ginn an a wéi e legale Kader schreiwen sech d’Sanktiounen an?
    • Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Relatioun tëscht Dot a Strof, sou wéi se am Strofekatalog virgesinn ass, verhältnisméisseg ass?
    • Wann net, wéi justifizéiert den Här Minister dëse Strofekatalog a soll dëse weider bestoe bleiwen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen                                                         Max Hengel

Co-Fraktiounspresidentin                                       Deputéierten

Zréck