Stëmmt et datt a méi grousse Betriber néi Mataarbechter oft just fest agestallt ginn, wann si virdrun iwwert eng Interimsfirma wärend e puer Méint do geschafft hunn ?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft weiderzeleeden.

 

Mir ass zu Ouere komm, dass et hei zu Lëtzebuerg a méi grousse Betriber oft dozou kënnt, dass néi Mataarbechter de facto just fest agestallt ginn, wann si virdrun iwwert eng Interimsfirma wärend e puer Méint do geschafft hunn. Och wann dës Virgoensweise Virdeeler kann hunn, sinn awer aarbechtsrechtlech Bedenken ubruecht.

 

An dësem Kontext géing ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft stellen:

 

  • Sinn dem Minister oder der ITM Fäll vu Betriber bekannt déi esou virgi fir néi Mataarbechter fest anzestellen?
    • A wa jo, kann den Här Minister ons Zuelen nennen?
  • Sinn dem Här Minister no aarbechtsrechtlech Bedenken ubruecht?

 

Här President, ech géing Iech biede méin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck