Wëssend dass d’Recht op Ausbezuele vum Krankegeld am Krankheetsfall op 78 Wochen eropgesat ginn ass, misst net och d’52-Woche-Reegelung am Fall vum CRF no uewen ugepasst ginn ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister an den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

 

D’Artikelen L. 234-50 ff. vum Aarbechtskodex setzen de Kader vum Congé aus familiäre Grënn (congé pour raisons familiales oder CRF). Iwwer de normale Regimm eraus kann d’Dauer vun dësem Congé a Präsens vu Kanner, déi betraff sinn, vu enger ganz graver Krankheet oder Behënnerung bis op 52 Wochen (Referenzperiod vun 104 Wochen), verlängert ginn.

 

Dës aussergewéinlech schwéier Krankheeten gi limitativ an engem groussherzogleche Reglement vum 10. Mee 1999 definéiert. Et sinn dat (i) evolutiv Kriibserkrankungen, (ii) Pathologien, déi eng Hospitalisatioun an akuter Behandlung vu mindestens 2 Wochen mat sech bréngen an (iii) Quarantän- an Isolatiounsmoossnamen a.ä am Kontext vun enger Covid-Erkrankung.

 

Et ass awer esou, dass heiansdo Kanner méi laang krank sinn an net an d’Schoul kënnen goen, ouni eng vun dëse Konditiounen ze erfëllen.

 

Ee Beispill, dat eis rapportéiert gouf, ass, dass e Kand no enger Covid-Infektioun Komplikatiounen hat a wochelaang ze schwaach war fir an d’Schoul ze goen. Et ginn och aner virstellbar Fäll an deenen d‘Elteren hir Kanner doheem mussen betreien an net d’Méiglechkeet hunn hiert Kand vun de Grousselteren oder enger anerer Persoun versuergen ze loossen.

 

Duerfir wéilte mir folgend Froen un d‘Häre Ministere stellen :

 

  • Deelt d’Regierung d’Meenung, dass fir esou Fäll d’Critèren fir eng Verlängerung vum CRF ze streng sinn ?

 

  • Wa jo, wéi gedenkt d’Regierung dës Critèren unzepassen?

 

  • Wann nee, wéi eng Méiglechkeeten hunn déi concernéiert Elteren, wa se z.B. all hire Congé schonn opgebraucht hunn?

 

  • Wéi steet d’Regierung zu enger Reegelung vum « Don de congé » ?

 

  • Wëssend dass d’Recht op Ausbezuele vum Krankegeld am Krankheetsfall op 78 Wochen eropgesat ginn ass, misst net och d’52-Woche-Reegelung am Fall vum CRF no uewen ugepasst ginn ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Max Hengel
Deputéierten

 

 

Marc Spautz
Deputéierten

 

Zréck