Wäert d’Regierung een änleche Wee aschloen, wéi d’Regioun Bréissel, a verschidden Déngschtleeschter dozou verflichten, ofgeschlossen Transaktiounen dem Lëtzebuerger Fiskus matzedeelen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech biede folgend parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister, un den Här Mëttelstandsminister, un d’Madame Inneministesch an un den Här Medien- a Kommunikatiounsminister weiderzeleeden.

 

An engem rezenten Urteel (C-674/20) Airbnb Ireland, huet den europäesche Geriichtshaff mat Sëtz um Kierchbierg festgehalen, dass „[u]ne législation régionale belge obligeant les prestataires de services d’intermédiation immobilière et, notamment, les responsables d´une plate-forme électronique d´hébergement à transmettre à l’administration fiscale certaines données relatives aux transactions d’hébergement touristique n’est pas contraire au droit de l’Union“.

 

Airbnb Ireland hat geklot, dass dës Legislatioun méiglecherweis géint EU-Recht a méi spezifesch d’Direktiv betreffend den elektroneschen Handel kéint verstoussen. Deem ass wéi gesot net esou.

 

Duerfir wéilt ech folgend Froen un den Här Wirtschaftsminister, un den Här Mëttelstandsminister, un d’Madame Inneministesch an un den Här Medien- a Kommunikatiounsminister stellen :

 

  • Wéi bewäert d’Regierung dëst Urteel ?

 

  • Wäert d’Regierung een änleche Wee aschloen, wéi d’Regioun Bréissel, an déi betraffen Déngschtleeschter dozou verflichten, ofgeschlossen Transaktiounen dem Lëtzebuerger Fiskus matzedeelen?

 

  • Wa jo, ass d’Regierung gewëllt zäitno eng legislativ Initiative an deem Sënn ze huelen?

 

  • Wann nee, wéi eng Argumenter (juristescher Natur an anerer) schwätzen dogéint?

 

  • Géif esou eng Dispositioun hei zu Lëtzebuerg net dofir suergen, dass déi oft beschriwwen deloyal Konkurrenz tëscht Airbnb als Vermëttler an Hotelsbetriber, zumindest zum Deel behuewe kéint ginn?

 

  • Sinn d’Gemengen hei zu Lëtzebuerg legal dozou ermächtegt, eng änlech Reglementatioun wéi d’Regioun Bréissel ze erloossen?

 

  • Wa jo, op wéi enger Basis?
  • Wann net, wat schwätzt dogéint?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Serge Wilmes
Deputéierten

Zréck