Wéi wëll den Här Minister de Problem vun de Parkplaze léise fir d’Weiderbildungen am Beräich vun der „Gestion en entreprise“ respektiv vun de „Sprëtzpass-Couren“, déi daagsiwwer ofgehale ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

D’Parkplaz-Situatioun ronderëm de “Lycée technique agricole” (LTA) zu Gilsdref bleift weiderhin ugespaant, wéi aus der Äntwert op d’Question parlementaire Nummer 5724 ervirgeet. Sou schreift den Här Educatiounsminister beispillsweis, dass dëse Problem an der nächster Zäit duerch eng Programmatioun vun de Barrière vum Parking kéint geléist ginn. Den Här Minister schreift awer och, dass déi meeschte Weiderbildungen owes géifen ugebuede ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Kann den Här Minister seng Ausso beleeën, dass déi meeschte Weiderbildungen owes ugebuede ginn?
  • Wéi wëll den Här Minister de Problem vun de Parkplaze léise fir d’Weiderbildungen am Beräich vun der „Gestion en entreprise“ respektiv vun de „Sprëtzpass-Couren“, déi daagsiwwer ofgehale ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck