Wëssend, dass de Leetzëns am Euroraum op engem historeschem Déif ass an an absehbarer Zäit aller Viraussiicht no och net gehuewe wäert ginn, wat sinn d’Grënn fir d’Hausse vun den Zënsen op den Immobiliëprêten?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un d’Madame Finanzministesch an un den Här Wunnengsbauminister weiderzeleeden.

 

Déi lescht Méint, konnt en um Immobiliëmarché eng signifikant Hausse vun den Zënsen op den Immobiliëprêten  observéiere wat en direkten Impakt op d’finanziell Situatioun vun de betraffene Léit huet an dës an Zäite vun héijen Energiepräisser nach eng Kéier zousätzlech belaascht. Obwuel déi europäesch Zentralbank de Leetzëns nach net gehuewen huet an och net Wëlles huet dëst déi nächst Zäit ze maachen, ass awer dovunner auszegoen, dass d’Zënsen op den Immobiliëprête weider klamme wäerten.

 

An dësem Kontext, géing ech gär folgend Froen un d’Madame Finanzministesch an un den Här Wunnengsbauminister stellen:

  • Wëssend, dass de Leetzëns am Euroraum op engem historeschem Déif ass an an absehbarer Zäit aller Viraussiicht no och net gehuewe wäert ginn, wat sinn d’Grënn fir d’Hausse vun den Zënsen op den Immobiliëprêten?
  • Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir deene betraffene Léit finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz

Zréck